Suche

 

vom bis

powered by

Highlight


    vom 11-03-2016 bis 12-03-2016 - Réckbléck an d'Zukunft (ETTELBRUCK)

    Cabarenert

    Mam Monique Melsen, Karin Seywert, Al Ginter, Marcel Heintz
    Claudine Muno, Rol Gelhausen, Roland Harsch, Jhemp Hoscheit, Carlo Kass a Jay Schiltz
    Guy Geimer, Regie. Camille Nanquette a Jeff Schmidt, Musek.

    Mir schreiwen d'Joer 2023. Et hätt alles esou schéi kënne ginn. Wat hate mir eis net alles vun deem Regierungswiessel erhofft. D'CSV war aus der Regierung geputscht ginn. Dat war op jiddwer Fall emol hir Interpretatioun vum Walresultat. Wat hate mir eis gefreet op déi frësch Loft aus Gambia no de Walen am Joer 2013. Bis de Wand eis ze vill ëm d'Ouere geblosen huet. An esou richteg frësch war déi Lëftchen eigentlech och net. Éischter e bëssen ofgestanen oder, besser gesot, ofgesiess vu Parteien, déi d'Land moderniséiere wollten awer keng Loscht haten, fir sech selwer ze erneieren. A wéi sti mir haut do? 10 Joer an zwou Legislaturperioden duerno? Mam Briet virum Kapp a mam Réck laanscht Mauer. Wat ass ginn aus deene blo - gréng - roude Weltverbesserer? Hate mir gemengt, mir wieren d'CSV fir all Zäite lass? Ass d'Kierch elo Geschicht, oder ass se awer nach am Duerf bliwwen? Hu mir eppes geléiert duerch d'Feeler aus der Vergaangenheet? Mee dofir misst ee jo e Schoulsystem hunn, deen ..., mee.... Naja! Wann een esou e Réckbléck an d'Zukunft mécht, dann ass een natierlech herno méi gescheit, an et weess een, wat alles schif gelaf ass. 

    SPRACHE: LU

    Informations supplémentaire :
    CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
    place Marie-Adélaïde 1
    L-9063 ETTELBRUCK

    Site internet : www.cape.lu

    Prochaines dates :
    11-03-2016
    12-03-2016

    Plus d'information sur plurio.net



    avec le soutien
    financier du :