Suche

 

vom bis

powered by

Highlight


    22-01-2016 - Zuppermänner (MARNACH)

    Eng Cabaret-Séance vum Guy Rewenig.

    Produktioun: Kulturhaus MierschSchauspill: Christiane Rausch
    Musek: Jitz Jeitz
    Regie: Guy Rewenig
    Design: Pat WenglerZuppermänner -korrekt: d'Supermänner- sinn déi Halschent vun der Mënschheet, déi ëmmer nees mat grandiosen Iddien opfält: si schnëssen, bis se bal keng Stëmm méi hunn, himmelen d'Technik un, och wa se guer net fonctionnéiert, fille sech de Fraen haushéich iwwerleeën, hale sech fir politesch Capacitéiten, verkafen och hir gréissten Dommheeten nach als Glanzleeschtungen, triede gär a grotesken Uniformen op (als Pompjee, Zaldot, Grandück, Finanzgenie, Rebell, Kaploun a Paschtouer), erfanne surreal Saachen, wëllen ëmmer nëmmen dirigéieren, dominéieren, intriguéieren, spekuléieren, randaléieren, dementéieren, theoretiséieren, paradéieren an impressionnéieren. Si sinn ebe vu Kapp bis Fouss ganz einfach zupper.

    Dat Besonnescht um Guy Rewenig sengem neie Cabaret-Programm Zuppermänner ass, datt hei eng Fra -d'Schaupillerin Christiane Rausch- en duerch an duerch sarkastesche Bléck op déi komplex Männerwelt werft. Den Jazz-Museker Jitz Jeitz däerf mat Saxofon a Klarinett de Prototyp vum Mann spillen.

    Informations supplémentaire :
    Cube 521
    DRIICHT 1-3
    L-9764 MARNACH

    Site internet : www.cube521.lu

    Plus d'information sur plurio.net



    avec le soutien
    financier du :