Suche

 

vom bis

powered by

Highlight


    11-05-2016 - Raoul Biltgen:Ze verkaafen: Haus an Haff (ETTELBRUCK)

     denTheater.lu

    Jacqueline Posing-Van Dyck, Regie. Jeanny Kratochwil, Dekoren.
    Jang Krippler, Beliichtung.
    Mam Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Faber a Claude Fritz.


    De Jean-Paul an d'Marie-Claire hu sech dat verdéngt: Endlech hu se dat richtegt Haus fonnt, an deem se hir Pensioun zefridde genéisse kënnen, en ale Bauerenhaff am Duerf, wonnerschéi geleeën, tipptopp an der Rei, an emol net ze deier. Den Armand a säi Fils de René verkafen en, nodeems se den Haff vun
    de Grousseltere geierft hunn, mee selwer allen zwee an der Stad wunnen. Wann do net esou vill Erënnerungen drunhänke géifen. Wann et engem net awer géing schwéier falen, d'Vergaangenheet hannert sech ze loossen. A wann ee sech net misst sécher sinn, datt den Haff och an deene richtegen Hänn lant. Am beschten ass et, et léiert ee sech emol kennen. Also gëtt eng Grillecht organiséiert,
    um Haff, em deen et geet, an da gëtt gekuckt, op dee Jean-Paul an dat Marie-Claire och genehm sinn, oder wat do alles u Geheimnisser erauskënnt, wann ee se op Häerz an Niere préift.

    Wéi an deene meeschte vu sengen Theaterstécker sicht de Raoul Biltgen och an dësem Wierk no deem, wéi wäit d'Mënsche ginn, wa se eppes wëllen, wa se an eng Situatioun kommen, mat där se net gerechent hunn an ob se dann net Säite vu sech weisen, vun deenen se selwer nach näischt wossten.

    SPRACHE: LU

    Informations supplémentaire :
    CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
    place Marie-Adélaïde 1
    L-9063 ETTELBRUCK

    Site internet : www.cape.lu

    Plus d'information sur plurio.net



    avec le soutien
    financier du :