Suche

 

vom bis

powered by

Highlight


    09-01-2016 - Op der Juegd (ETTELBRUCK)

    OPÉRA DU TROTTOIR // ENG OPERETTE VUM DICKS (EDMOND DE LA FONTAINE)

    Carlo Hartmann, Inszenéierung a Bühnebild.
    Yannchen Hoffmann, Kostümer an Astudéiere vum Chouer.
    Romain Welter, Musikalesch Begleedung.
    Mam Yannchen Hoffmann, Jean-Nico Schambourg, Carlo Hartmann,
    Dany Weiler, Manfred Logeling, Lou Wio a Gisela Bitdinger.


    Hätt onse gudden Dicks nët déi wonnerschéi Musek zu sengem Kaméidistéck Op der Juegd komponéiert, géif d'Stéck - wéinst dem nët onëmstriddenen Thema «der Juegd» - wuel kaum hautdesdaags nach op Spillpläng ze fanne sinn. Mee wann de Kollektiv Opéra du Trottoir sech dësem Thema unhëlt, dann trieden am verschneiten Theater-Bësch nët nëmmen d'Frënn vun der Jeeërei, vum Bësch a vum Wëld op, mee och d'Kritiker vun deenen Traditiounen kommen - natierlech zum grousse Spaass vum Publikum - zu Wuert an däerfen sech mat hire Positioune lächerlech maachen. An sou versicht dem Carlo Hartmann seng peppeg Mise en scène, op amüsant Art a Weis, dës festgefueren Diskussioun ze entschäerfen. Eng héichkaräteg Besetzung bréngt déi musikalesch Bijouen (D'Piirle vum Daa - D'Fëscher an Jee'r - Bei mir, an onsem Gréit - 'T si vill schéi Rousen an der Stad......) ganz apaart zum Glënneren.

    Informations supplémentaire :
    CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
    place Marie-Adélaïde 1
    L-9063 ETTELBRUCK

    Site internet : www.cape.lu

    Plus d'information sur plurio.net



    avec le soutien
    financier du :